show episodes
 
Artwork

1
Ohn(e)Macht

Jeannine Borer & Roland Schnetz

Unsubscribe
Unsubscribe
Mensal
 
«Ohn(e)Macht – ein Vater und seine verlorenen Töchter» Ein Vater hat seine Töchter seit dem Jahr 2000 nicht mehr gesehen. Zuerst bricht die Ex-Frau den Kontakt ab. Später wirft sie ihm sexuellen Missbrauch vor. Hat der Vorwurf seine Berechtigung oder ist der Vorwurf Mittel zum Zweck, die Kinder vom Vater zu entfremden? Später verschwinden die Töchter mit der Mutter spurlos. In diesem mehrteiligen True Crime gehen wir der Frage nach: Der Vater – Täter oder Opfer? Wie geht die Gesellschaft mit ...
  continue reading
 
Artwork
 
Das Vereinsheim im Herzen Schwabings ist Treffpunkt für etablierte Kabarettisten, Comedians, Musiker und junge Talente. Gastgeberin ist Kabarettistin, Schauspielerin und Comedian Constanze Lindner, die sich im Vereinsheim wie in ihrem Wohnzimmer fühlt.
  continue reading
 
Artwork

1
Frauen machen MINT

Femtec.Alumnae e.V.

Unsubscribe
Unsubscribe
Mensal
 
Bei 'Frauen machen MINT' geben euch Frauen aus Technik und Naturwissenschaft persönliche und ehrliche Einblicke in ihren Werdegang und Themen, die sie begeistern. Der Podcast wird produziert vom Femtec Alumnae e.V., eines der größten deutschsprachigen Netzwerke für technikbegeisterte, engagierte Frauen. Viel Spaß beim Zuhören! ​
  continue reading
 
Loading …
show series
 
De 27. Januar ass net nëmmen de Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart, mee och den internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. An der Philharmonie organiséieren d'Solistes Européens, Luxembourg dofir ee ganz passende Concert mat ënnert anerem engem Rondo vum Mozart an "From Jewish Life" vum Ernest Bloch. Op der Bün steet en Cello-Piano Duo…
  continue reading
 
Leuchtfeuer, op englesch The Beacon, vun der irescher Auteurin Nancy Harris, ass no Die Laborantin dem Metteur en scène Fábio Godinho seng zweet Koproduktioun mam Staatstheater Mainz. Wat wéi ee klassesche Krimi kléngt, ass u sech een intiimt Stéck iwwer komplex Familljerelatiounen an d’Roll vum Kënschtler an der Gesellschaft. Bei mir am Studio sin…
  continue reading
 
D’Geiistin Hawijch Elders, de Cellist Tom Feltgen an de Pianist Sander Sittig hunn sech aus glécklechen Zoufäll zesummefonnt. Als Trio spillen si de Sonnden, 27. Januar 2025, schonn déi zweet Kéier mat beim 43. Musekfestival am Schlass vu Buerglënster. Um Programm steet Haydn, Shostakovich a Schubert.D’Marie Schockmel huet sech mat deenen dräi ënne…
  continue reading
 
Fir déi éischt TOL-Produktioun 2025 inzenéiert d’Véronique Fauconnet een Auteur, deen si scho laang wollt op d’Bün bréngen. Dass Sarah et Hugo vum Daniel Keene, ee Stéck iwwert eng jonk elengerzéiend Mamm an hire 16-järege Bouf, dobäi direkt eng Weltpremière géif ginn, war u sech net esou geplangt. Am Interview mam Jeff Schinker huet d’Metteuse en …
  continue reading
 
A sengem Wierk „Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“ setzt de Marcel Beyer sech mat der medialer Veraarbechtung vum Krich auserneen a wéi d‘Literaten domat ëmgoe kënnen. Mir lauschteren en Extrait aus dem Gespréich, dat d'Valerija Berdi mam däitsche Schrëftsteller an Essayist gefouert huet. Den däitsche Schrëftst…
  continue reading
 
The Bear erzielt d'Geschicht vun engem jonke Spëtzekach, deen nom Dout vu sengem Brudder de chaotesche Familljebetrib iwwerhëlt. Mat enger eenzegaarteger Mëschung aus Humor an Tragik, zitt d'Serie seng Zuschauer mat an d'Hektik vun enger Restaurantskichen. Brillant Kameraaarbecht, e stëmmege Soundtrack a staark Charakteren, mee kann d'Serie den héi…
  continue reading
 
Éiert sech de Jeff Schinker mat der franséischer Rentrée littéraire vum Januar befaasst, rezenséiert hien nach ee vun de sëllege Literaturpräisser, déi am Hierscht vergi goufen: Fir hiren Neopolar "Les âmes féroces", dee bei den Editions de l’Olivier erauskoum, krut d’Marie Vingtras de Prix du Roman Fnac 2024.…
  continue reading
 
Am Donschtkrees vum stayfou Kollektiv an am Prodzentestall vum Turnup Tun gëtt et ee Rapper, dee mat sénger leschter EP de ganze Paradox vum Rappen op de Punkt bréngt. D'Staerkt wiesen, Schwächten äusdrécken. Muskele weisen, an dach vulnerabel sinn. Mam Marc Clement erzielt den Octo hien iwwert säin neien EP "Kraischen beim Flexen".…
  continue reading
 
Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D’Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm an der Anne-Catherine Feltgen iwwer d’Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Edi…
  continue reading
 
An eiser Rubrik Soundatlas analyséieren an hannerfroen d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen eenzel Kläng a Geräischer, sichen hier Lienen zu Alldagskultur, Konscht, jo och zur Wëssenschaft. Dat elo och Sonndes Moies um 20 op 9 am Joé Birchen senger Émissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéiere si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft…
  continue reading
 
Dëse Sonnden, 26. Januar organiséiert d'Philharmonie e Ciné-Concert. Ënner dem Motto “L’humour en noir et blanc”, gi schwaarz-wäiss Filmer projezéiert. De Jean-François Zygel, deen de Stommfilm live begleet, ass Pianist, Komponist, Improviséierer an en sougenannten “Vulgarisateur” vu klassescher Musek. D’Marie Trussart huet ënner anerem mat him iww…
  continue reading
 
Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Muséeën, déi sech fir d’Entwécklung vu “Computerart” interesséieren, respektiv Konschtwierker aus deem Beräich sammelen. Allerdéngs geet et dobäi meeschtens ëm Aarbechten, déi no 1990, an also no der Aféierung vum Internet entstane sinn. Bis den 2. Februar proposéiert de Mudam, sech emol mat de Joren 1960 bis 199…
  continue reading
 
Nodeems de Jean Muller bäi de leschte Produktiounen de Fokus op Komponiste wéi de Beethoven, Bach, Chopin a Liszt geluecht huet, goufen elo dem Mozart seng Pianossonaten op CD erausbruecht. Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Jean Muller iwwert d'Gedanken an d'Schwieregkeete vun dëser fënnef-Deeleger CD-Produktioun geschwat.…
  continue reading
 
Den Ulass ass de sougenannten Holocaust Remembrance Day. Fir dem 80. Gebuertsdag vun der Befreiung vun Auschwitz zegedenke spillt d’Militärmusek dee Concert ënner dem Jean-Claude Braun. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum E.W. Korngold an John Williams, esou wéi och vun de lëtzebuerger Komponiste Marco Pütz a Georges Sadeler. D'Marie Trussar…
  continue reading
 
Mir haten drop hi gewisen: d’Rubrik Soundatlas huet eng nei Plaz kritt, an zwar hannerfroen an analyséieren de Joé Birchen an d’Kerstin Thalau Kläng a Geräischer vun elo un ëmmer Sonndes moies géint 20 op 9, deemno am Joé senger Emissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéieren si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véie…
  continue reading
 
16 Joer laang war d’Alice Frohnert Prostituéiert. Sexaarbechterin gouf déi gebierteg Polin an den 80er an Däitschland fir domat hire Studium ze finanzéieren. No hirer Zäit um Stréch war et de Karriärswiessel an de Journalismus, bei d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Zënter deem setzt d’Alice Frohnert sech dofir an, d’Prostitutioun als Beruff ze reh…
  continue reading
 
Dëst Joer ass just ee Lëtzebuerger um Festival vertrueden: Ryvage. Mam Giovanni Trono vu kultur:lx schwätze mir doriwwer, firwat dat sou ass. Mam Tun Biever vun Two Steps Twice geet Rieds iwwer seng Erwaardungen an Erfarunge beim groussen europäesche Showcase-Event. A mir soen Iech, wat um éischten Dag musikalesch iwwerzeegend war.…
  continue reading
 
En Donneschdeg (23.01) trëtt de Schengen Trio vum Orchester Les Solistes Européens, Luxembourg (SEL) zesumme mam Jean Muller zu Steesel am Kultursall op. An dësem Trio, deem seng Membere variéieren, spillt dës Kéier de jonke Geiist Yanis Grisó. Zanter 2023 ass de Student Member vum SEL. Am Interview beim Luc Boentges schwätzt hien iwwer Grenzen a s…
  continue reading
 
De Roman River East, River West koum ufanks lescht Joer bei den Editions William Burrow an Duckworth eraus. D’Geschicht spillt zu Shanghai a China. Erzielt gëtt se ofwiesselnd aus der Perspektiv vun der Teenagerin Alva an hirem Stéifpapp Lu Feng. Béid hunn eng komplizéiert Bezéiung zu der Sloan, hir Mamm respektiv Fra, eng Amerikanerin, déi den an …
  continue reading
 
De Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3) huet elo en neien Album opgeholl. Den Trio stellt sech zesummen aus der Rachel Xi Zhang um Marimba, dem Laurent Warnier um Vibraphon an dem Pascal Meyer um Piano.Déi dräi hunn sech wärend hire Studien zu Amsterdam kenne geléiert.Fir hiren neien Album "Unlearn" hunn si mat ville Kënschtler zesummegesc…
  continue reading
 
Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100’000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:i…
  continue reading
 
Haut fänkt den Eurosonic Festival un. Dat ass dee gréissten europäesche Showcase Festival. An der hollännescher Stad Groningen komme Professioneller aus dem Musekssecteur zesummen, fir nei Talenter z’entdecken. Fir eis op der Plaz sinn den Jamie Reinert an den Yves Stephany. Si erklären, firwat dëst Joer de Lëtzebuerger Museker Ryvage zu Groningen …
  continue reading
 
De jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof kritt de Präis vum Young Artist of the Year den 21. Mäerz beim Galaconcert vun den International Classical Music Awards 2025 an der Tonhalle zu Düsseldorf iwwerreecht. Hie gouf vum radio an opus 100,7 nominéiert a vum Jury vun den ICMA als Gewënner erausgesicht. Dëse Jury setzt sech Vertrieder vun 19 …
  continue reading
 
Haut komme mer bei de leschten Deel vun eiser Visitt guidée duerch di permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter. An hei geet de Fokus op d‘Mënscherechter. Wat sinn déi verschidde Konventiounen? Gi se ëmgesat a respektéiert a wien ass dovu betraff? Eng Visitt gefouert vum Jim Goerres an engem Bäitrag vum Valerija Berdi…
  continue reading
 
Am Theatre du Centaure, där Klengster vun de Stater Bünen, leeft nach bis den 19. Dëses Mounts eng Kreatioun vum Stefanno Massini de Monolog “Ladies Football Club”. Duerno wandert d’Produktioun aus dem eegenen Haus fir zwee weider Datumer bei de Kopoduzent CAPE, den 23. A 24. Januar. Mir waren dëst Stéck fir Iech kucken an erzielen eis Impressioune…
  continue reading
 
Muer den Owend (14.1.) ass am Stater Conservatoire den Neijoerschconcert vum Ensemble Vocal du Luxembourg. Nieft dem "Gloria" vum John Rutter steet och eng Uropféierung um Programm. Et ass déi nei Kompositioun vum Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen. Am Mëttelpunkt steet de Weltall. De Christophe Mirkes huet mam Komponist, mat zwee Chouersänger a…
  continue reading
 
Den däitsche Pianist Joseph Moog huet e ganze Concertsprogramm der Belle Epoque gewidmet. Dee féiert hie muer (11.1.) den Owend am Conservatoire zu Esch op. De Christophe Mirkes huet sech mam Joseph Moog iwwert d'Konzept vun dëser Programmatioun ënnerhalen. Seng éischt Fro war, ob een d'Belle Epoque iwwerhaapt musikalesch kann zesummefaassen. Ëmmer…
  continue reading
 
Den ungareschen Dirigent Martin Rajna (29) gouf haut de moien um 11 Auer an der Philharmonie als neie Chefdirigent an artisteschen Direkter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker virgestallt. De Kontrakt fänkt am Hierscht 26/27 un an ass fir eng Dauer vu véier Saisone virgesinn.De Martin Rajna huet insgesamt réischt fënnef Deeg mam Orchester verbruecht…
  continue reading
 
Loading …

Guia rápido de referências

Ouça este programa enquanto explora
Reproduzir